Lëtz Play

Lycée classique de Diekirch

Lët'z Play ass ee lëtzebuergescht Kaartespill, dat mir selwer entworf hunn. D'Spill besteet aus 55 Kaarten an engem Wierfel, déi an engem handlechen Stoffsäckelche verpaakt sinn. Bei eisem Spill war et eis wichteg jidderengem, op Jonk oder Al, typesch lëtzebuergesch Begrëffer op spilleresch Aart a Weis méi no ze bréngen.

Et geet heibäi drëms senge Matspiller ee lëtzebuergesche Begrëff, mat Hëllef vu Wierder, Gesten oder Zeechnungen ze erklären. Eist Spill ass einfach an ofwiesslungsräich, a suergt domat fir Spass um Spill bei all Alter. Eist haapt Uleies ass et eis Sprooch an de Virdergrond ze stellen, fir dozou bäizedroen, dass déi typesch lëtzebuergesch Wierder net an Vergiessenheet geroden.

De Preis vum Spill leit bei 10€, fir weider Informatiounen fannt dir eis op:

Website

Facebook

 

Snapchat: letzplay2016

Instagram: letzplaymini

Enseignants:
Pitt Schneider
Etudiants:
Elena Tiganj, Alexandra Wallers, Tim Kries, May Scheidweiler, Liz Schreurs, Yannnick Kayser, Chiara Marx, Eric Thillen, Charel Wies