Vullemettien

Lycée technique agricole
Mir sinn d' Vullemettien, eng Equipe vu 4 Schüler aus dem Lycée Technique Agricole déi eng landwirtschaftlech Ausbildung maachen. 

Wëllt dir de Vigel am Gaart eng Geleeënheet fir ze bréie bidden oder hinnen am Wanter eng Plaz fir ze friessen? Dann hu mir genau dat Richtegt fir Eech!
 
Mir produzéieren a verkafen héichwäerteg Nistkästen a Fudderhaisercher aus Holz aus Éisleker Bëscher, déi mer an eiser Fräizäit an Handaarbecht zesummebauen. 
Enseignants:
Ronny Krier