MiniChoco

Atert-Lycée Réiden

Mir sinn eng jonk an dynamesch Grupp, bestehend aus 4 motivéierte Schüler vun 3e an 2e aus dem Atert-Lycée Réiden. Eis Mini-entreprise verkeeft héischqualitativ Friichten mat Schokela, produzéiert hei zu Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Tricentaire vu Bissen.

Zur Auswiel hu mir:

  • Rosénge mat Mëllech-Schokela
  • Figuen mat Mëllech-Schokela
  • Orangeate mat schwaarzem Schokela

An dat nëmme fir 3,50 d'Stéck!

Fanne kënnt Dir eis op Facebook ënner MiniChoco a per Email ënnert: minichoco@alr.lu. Do kënnt Dir och gären Är Commande eraginn.

 

Enseignants:
Klemmer John, Ries Tom