ProtectIt!

Lycée Robert Schumann

E ganz bekannten Problem deen quasi all Mënsch kennt, deen en iPhone, iPad oder iPod benotzt, ass dass d’Luedekabelen fir Apple Geräter extrem ufälleg fir Kabelbrech sinn. Vue dass et nach keng richteg Léisung fir dëse Problem gëtt, hunn mir et eis zur Aufgab gemaach eng endgülteg Léisung dofir ze fannen. No laangem Iwwerleeën an villen Versich mat verschiddenen Prototypen, hunn mir déi perfekt Léisung fir dëse Problem fonnt. Mir produzéieren e klengt Stéck wat mir ProtectIt! genannt hunn, wat eng preventiv Schutzfunktioun fir all Apple Lightning Kabel besëtzt. Dëse Produit gëtt zu 100% hei zu Lëtzebuerg produzéiert, wat e ganz wichtegen Critère fir eis ass, well mir kéng bëlleg Produiten verkafe wëllen, mee een qualitativen Produit, deen hei regional produzéiert gëtt. 

Well ass et net méi logesch e klenge Produit fir e puer Euro ze kafen deen de Kabel schützt, wei wann een sech e ganz neie Kabel kafe muss, deen 25 Euro kascht? 

Biagi Laura, Bjelic Aida, De Roy Lia, Ney Mika, Reuter Felix, Resch Isabelle

Enseignants:
Francoise Thomé, Mireille Lux